Nikogosian Diana

Mäin Numm ass Nikogosian Diana, ech sinn 25 Joer al an ech schaffen zanter dem 1. Dezembert am Betzder Jugendhaus als qualifizéiert Educatrice. Ech sinn seit 2020 am Jugendsekteur Aktiv , ech hun 1 joer lang am Jugendhaus zu Gasprech an zeitgleich am, Jugendhaus zu Sandweiler geschaft, dest huet mir gehollef besser ze erkennen wat besoinen vun den jonken an verschiedenen bereichen sinn. Duerno wuar ech 3 Joeer laang am Jugendhaus zu Kielen wou ech och vill erfahrungen samellen konnt, dei ech elo hei am Jugendhaus Betzder uwenden kann.

Ech si Privat ganz sportlech ënnerwee, ech maache gäre Fitness, egal ob Kraaft Training oder lafe goen, ech sinn ëmmer dobäi. Enner anerem kachen&baken ech och gären an ech interesséiere mech fir Gaming a Sozial Medien. All dëst kann ech och am Alldag an a verschiddene Aktivitéiten notzen.

Mäin zill ass et en oppent Ouer fir déi jonk ze sinn. An dem Liewensofschnëtt vun 12-28 Joer ass oft villes nei an onkloer an ech well gäre fir déi jonk do sinn a si an hirem Prozess begleeden a ënnerstëtzen. T'Jugendhaus bitt zuelräich Aktivitéiten u bei deenen een nei Saache bei leiere kann oder einfach Spaass huet , mee mir sinn och dofir do heiansdo einfach no ze lauschteren an t'Bedürfnisser vun de jonken ze erkennen. 

Mir perséinlech leit et um häerzen dass si sech hei wuel fillen an en Unhaltspunkt an eng konstant hunn. Einfach eng platz op déi si sech verloosse kennen.

Ech freeë mech immense hei ze sinn an zu dëser flotter Ekipp bei droen ze kennen.