Weiland Kim

Moien,

Mäin Numm ass Kim, si 27 Joer a maache grad den Educateur graduée per Fernstudium ob der IU (Interntionale Hochschule). Niewebäi sinn ech fir 40 Stonnen/Woch am Jugendhaus Betzder agestallt.

No 2 verschidde Studien ob der Uni an ob der Héichschoul zu Treier hunn ech mech dozou decidéiert ee Volontariat beim SNJ ze maachen. Sou sinn ech an d’Jugendhaus vu Betzder komm an hu relativ schnell gemierkt dass et mir immense Spaass mëscht an dass ech an dem Beräich weider schaffe well.

Ech sinn immense oppe fir all Zort vu Projeten a sichen ëmmer nei Erausfuerderungen, déi ech natierlech mat Erfolleg bewältege well.

D’Zill vu mir an och vun der Equipe vum Jugendhaus ass et, deene Jonken eng secher Platz ze bidde wou se sech wuel fillen, wou se gär hi kommen a wou se sech, wann d’Bedürfnis do ass, austauschen an em Hëllef froe kennen. D’Kommunikatioun teschend der Equipe an deene Jonken ass immense wichteg a mir ginn alles fir dass des Kommunikatioun déi Bäscht méiglech ass.

Ech si frou d’Chance ze kréien, mech am Jugendhaus Betzder beweisen ze kennen an do meng eist Erfarungen ze sammelen. Ech hoffen ech kann ee positiven Deel zur Entwécklung vum Jugendhaus an awer och vun deene Jonke bäidroen.