Lana@jugendhaus-betzder.lu
621 565 928
Virstellung
Verschiddener vun Iech kënne mech vläicht duerch d'Musizéiere mam Saxophon oder a Verbindung mam Airtramp oder der Psychomotorik hei am Land.
Dëst wei awer och d'Molen, d'Wierken, d'Verbonnenheet mat der Natur an dem Déier an natierlech dem Beruff vum Erzéier a spéider der Psychomotricienne maache mech aus a komplettéiere mech ëmmer nach alldeeglech.
Ganz frou sinn ech doriwwer séit dem 1. Juli 2022 och elo am Jugendberäich kënnen Erfarungen ze sammelen, a mech elo am präventive Beräich ze beweegen an deem ech den Alldag vun de Jonken ze beräichere versichen. Dëst zesumme mat mengem Aarbechtskolleeg dee praktescherweis déi selwecht Wäerter an Usiichte vertrëtt wei ech.
Zesumme wëlle mir de Jonken en zweet Doheem an en oppent Ouer wei och eng Stëtz a schwéieren Zäite bidden, hier Froe beäntwerten an se beschtméiglechst op hirem Zukunftswee guidéieren.