Nikogosian Diana

Mäin Numm ass Diana Nikogosian, ech sinn 28 Joer al a schaffen zanter dem 1. Dezember am Jugendhaus Betzder als qualifizéiert Educatrice. 


Zënter 2020 schaffen ech mat Jonken a konnt an de leschte Jore vill wäertvoll Erfarunge sammelen, déi ech haut a meng alldeeglech Aarbecht afléisse loossen.


Et ass mir wichteg, ëmmer en oppent Ouer fir déi Jonk ze hunn an eng vertrauensvoll a respektvoll Bezéiung mat hinnen opzebauen. Ech begleeden a ënnerstëtzen si gären an hirem Alldag a leeë vill Wäert op e gudden Austausch, géigesäitegt Vertrauen an eng positiv Zesummenaarbecht.


An menger Aarbecht sinn ech fir bal all Aktivitéit ze begeeschteren , egal ob Kicker, Kaartespiller, Darts, oder einfach gemittlech Momenter zesummen. Mir ass et wichteg, de Jonken flott Erfarungen ze erméiglechen, hir Stäerkten ze fërderen an hiert Selbstvertrauen ze stäerken.

 

Besonnesch d'Theeme Selbstwäertgefill, Selbstléift a Wuelbefannen leien mir um Häerz.

Mäi Zil ass et, dozou bäizedroen, datt sech déi Jonk am Jugendhaus wuel, akzeptéiert a verstanen fillen an hei eng Plaz fannen, op déi si sech verloosse kënnen.


Ech freeë mech op vill flott Momenter, spannend Aktivitéiten an e gudden Austausch mat de Jonken :)