D'Jugendhaus Gemeng Betzder a.s.b.l. ass 2013 gegrënnt ginn a befënnt sech zu Rued-Sir. Zanter 2019 si mir am "Iewescht Bowéngs", am Duerfzentrum.

Mir sinn op fir alleguerten !
D’Jugendhaus ass en Treffpunkt an eng Plaz fir pedagogesch sënnvoll Fräizäitbeschäftegung, et ass op fir jiddereen ab 11 Joer. Déi Jonk ginn duerch qualifizéiert Personal betreit, fir eng gutt Betreiungs- a Projetsqualitéit ze assuréieren.