Steve Duarte Condessa

Mäin Numm ass Duarte Condessa Steve, ech sinn 35 Joer al a schaffen zanter dem 15. Abrëll 2023 als qualifizéierten Educateur an 2024 als Responsabel vum Jugendhaus Betzder.

Ech hunn e puer Joer Erfarung am Jugendsekteur gesammelt, notamment an de Jugendhaiser vu Bouneweg a Gaasperech. Nieft menger Aarbecht sinn Danz, Konscht a Sport grouss Passioune vu mir. Als Danzproff a Grënner vu Be-You ASBL organiséieren ech Coursen an Evenementer.

Mäin Zil ass et, zesumme mat menger Ekipp, e Jugendhaus ze gestalten, wou jonk Leit sech wuel fillen, sech kënnen ausdrécken an ëmmer en oppent Ouer an déi néideg Ënnerstëtzung fannen. Mir wëllen hinnen eng sécher Plaz bidden, wou si sech entwéckele kënnen, hir Iddien ëmsetzen an hiert Potenzial entdecken.

 

Tel: 621 565 928