Second Hand Corner

De Second Hand Corner gëtt den Awunner vun der Gemeng Betzder d’Méiglechkeet, gebrauchte Géigestänn, déi nach an engem gudden Zoustand sinn, bei eis ofzeginn. All Géigestänn vum Second Hand Corner duerfe gratis matgeholl ginn.

D'Saache sollen a guddem/propperem Zoustand sinn, soss ginn se net am Second Hand Corner ugeholl.

Déi nächst Date fir d'Joer 2023 sinn:

28. Januar

25. Februar

25. Mäerz

29. Abrëll

27. Mee

24. Juni


26. August

30. September

28. Oktober

25. November

 

 

Reegelen: 

- D'Saache gi baussen ofgestallt (Béi Reen oder Schnéi w.e.g. apaken!!!)

- Saache kenne vum Educateur ofgeleent gi, wann se net méi gutt ausgesinn/net funktionéieren

- E grénge Punkt ass ob den Artikele wann se ganz néi am Sortiment sinn

- En orange kréien se no 2 Méint

- No 3 Méint kréien se en Roude Punkt wat souvill bedeit wei dass den Artikel nach 1 leschte Second Hand-Corner ze kréien ass

- Dono gëtt den Artikel un Associatiounen gespend oder vun de Jonken an eisem Anti-Aggressiounskeller vum Jugendhaus zerschmëttert. Léiwer do an engem konkreten a séchere Kader Roserei lass gi wei anzwousch anescht! Ongesond wier et déi Roserei weider an sech ze droen a kee legaalt Ventil ze fannen.

- Mee och dann ass d'Rees vun de Reschter vum Artikel nach net um Enn! Well dono fuere mer mat de Rechter an de Recycling Zenter